Digital Doheem, Start
Menü

Coursen fir Gemengen, Institutiounen a Senioreheemer

Dir wëllt méi ale Leit an Ärer Gemeng, Ärem Senioreheem oder Ärem Veräin de Wee an déi digital Welt opmaachen? Mir stellen d'Coursen ganz no Äre Wënsch zesummen.

Fir wien?

  • Gemengen a Sozialämter
  • Senioreheemer, Fleegeheemer a Wunnstrukturen fir méi al Leit
  • Clubs Senior, Veräiner a Bibliothéiken
  • Ministèren, Verwaltungen an ëffentlech Institutiounen mat Offere fir méi al Leit

Wat mir ubidden

All Cours gëtt individuell zesummegestallt: no Thema, Gruppegréisst, Virwëssen a Sprooch. Zum Beispill:

  • Gruppecoursen zu Handy an Tablet, WhatsApp a Videoappeller
  • Virträg iwwer Sécherheet am Internet: Bedruch per SMS, E-Mail an Telefon erkennen
  • Aféierung an offiziell Online-Servicer wéi MyGuichet.lu a LuxTrust
  • Kënschtlech Intelligenz verständlech erkläert
  • Oppe Froestonnen, wou jiddereen säin eegenen Apparat matbréngt
  • Coursreie iwwer e puer Wochen, mat einfachen Ënnerlage fir nozeliesen

Mir enseignéieren op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder Englesch, bei Iech op der Plaz, am ganze Land.

Keen soll digital op der Säit bleiwen

Präis op Ufro

De Präis riicht sech no Ëmfang, Gruppegréisst an Uert. Dir kritt virdrun eng kloer Offer, ouni verstoppte Käschten.

Esou entsteet Äre Cours

  1. Gespréich

    Dir sot eis, wien deelhëlt a wat d'Participanten léiere wëllen.

  2. Programm an Offer

    Mir stellen de Programm zesummen a schécken Iech eng Offer.

  3. Cours op der Plaz

    Mir komme bei Iech an enseignéieren a Rou, mat vill Zäit fir Froen.

Solle mir laanscht kommen?

Rufft eis un oder schreift eis. Mir schwätze kuerz driwwer, ëm wat et geet, a fannen en Termin bei Iech doheem.

Rufft eis un+352 621 30 27 40

Léiwer schreiwen?