Computer- an Handy-Coursen an Ärem Tempo
Jiddereen kann alles léieren. Mir üben mat Iech op Ärem eegenen Apparat, bei Iech doheem, esou laang, bis et sëtzt. Dir bestëmmt d'Thema an den Tempo.
Esou léiert Dir bei eis
- Eenzelformatioun doheemOp Ärem eegenen Apparat, ganz no Äre Froen.
- Méi TerminerSchrëtt fir Schrëtt léieren, mat Zäit fir ze üben tëscht dran.
- Fir Gruppen an InstitutiounenFir Gemengen, Senioreheemer, Clubs Senior a Veräiner: individuell zesummegestallt, Präis op Ufro.
- Uleedung zum NoliesenDéi wichtegst Schrëtt einfach a grouss opgeschriwwen.
Eis Themen
- Handy & Tablet verstoenD'Basis, ganz ouni Fachwierder: wëschen, tippen, Appen, Astellungen.
- WhatsApp, E-Mail & VideoappellerA Kontakt bleiwe mat der Famill an de Frënn: Messagen, Fotoen a Videoappeller.
- Sécher online: Staat, Bank & AkafenMyGuichet, LuxTrust, Bank-App an online akafen, sécher a gutt erkläert.
- Kënschtlech Intelligenz (KI) verstoenChatGPT & Co. ausprobéieren: Froe stellen, Bréiwer formuléieren, Neies entdecken.
- Fotoen, Bréiwer & KalennerD'Programmer, déi Dir am Alldag wierklech braucht. De Rescht loosse mir ewech.
- Uerdnung a Fotoen & FichierenFotoen an Dokumenter erëmfannen, opraumen a selwer sécheren.
- Keng LangweilMusek, Radio, Hörbicher, Filmer a Spiller: déi schéi Säite vun der digitaler Welt.
Dir wëllt eppes anescht léieren? Sot eis et. Mir stellen d'Formatioun no Äre Wënsch zesummen.
Solle mir laanscht kommen?
Rufft eis un oder schreift eis. Mir schwätze kuerz driwwer, ëm wat et geet, a fannen en Termin bei Iech doheem.
