Digital Doheem, Start
Menü

Hëllef fir Är Elteren a Grousselteren

Dir wëllt, datt Är Elteren gutt mam Handy an dem Internet eens ginn, kënnt awer net ëmmer laanscht fueren? Dofir si mir do.

Mir iwwerhuelen de Besuch

Den Uruff kënnt ëmmer da, wann et grad net passt: Den Handy ass stomm, den Drécker streikt, de Videoappell klappt net. Um Telefon erklären ass ustrengend, fir allebéid.

Digital Doheem fiert bei Är Elteren oder Grousselteren heem, egal wou zu Lëtzebuerg, a léist de Problem op der Plaz. A wa si et selwer léiere wëllen, übe mir a Rou mat hinnen, fir datt si erëm selwer dobäi sinn.

Wat d'Famill dacks fir d'Elteren ufrot

  • Neie Smartphone ariichten, mat grousser Schrëft an de wichtegste Kontakter
  • WhatsApp a Videoappeller, fir datt d'Famill a Kontakt bleift
  • Schutz géint Bedruch: falsch SMSen, E-Mailen an Uriff erkennen
  • MyGuichet, LuxTrust an d'Bank-App verständlech erklären
  • E Lautsprecher fir de Liiblingsradio, eng Kamera un der Hausdier
  • Fotoen an Dokumenter sécheren, fir datt keng Erënnerunge verluer ginn
  • Drécker, Fernseh a Kameraen, déi einfach funktionéieren

Esou frot Dir fir een aneren un

Rufft eis un oder benotzt de Kontaktformular a wielt „Fir ee vun der Famill“. Sot eis, ëm wat et geet, wou Är Elteren wunnen a wien eise Kontakt op der Plaz ass. Wann d'Rechnung un Iech soll goen, sot eis et einfach.

Mir schwätze mat Ären Elteren op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder Englesch, esou, wéi si et gewinnt sinn.

Solle mir laanscht kommen?

Rufft eis un oder schreift eis. Mir schwätze kuerz driwwer, ëm wat et geet, a fannen en Termin bei Iech doheem.

Rufft eis un+352 621 30 27 40

Léiwer schreiwen?