Computerhëllef an Handy-Hëllef doheem
Mir komme bei Iech, riichten an, flécken a léise Problemer, an erklären dobäi, wat mir maachen. Dir wëllt et léiwer selwer léieren? Da kuckt bei de Formatiounen.
- Smartphone & TabletNeien Apparat ariichten, Donnéeën iwwerdroen, Problemer léisen.
- Computer & DréckerLuese Computer, Drécker deen streikt, Fichieren déi fort sinn? Mir bréngen et an d'Rei.
- Fotoen & Donnéeë sécherenAll Är Fotoen an Dokumenter op enger Plaz, opgeraumt an duebel geséchert, fir datt näischt verluer geet.
- Roboter fir Haus a GaartStaubsauger- a Wäschroboter, Fënsterbotzroboter a Méiroboter: ageriicht, programméiert an erkläert.
- Kameraen & smart DierschlässerKameraen, Video-Dierschellen a smart Dierschlässer wéi Nuki: sécher ageriicht a mam Handy verbonnen.
- Fernseh, Musek & nei ApparaterNeien Apparat kaaft? Mir beroden Iech virdrun a riichten en duerno fir Iech an.
- Séier HëllefWann op eemol näischt méi geet, komme mir séier, mat Rou a Gedold.
Äert Thema ass net dobäi? Frot trotzdeem. Wa mir net hëllefe kënnen, soe mir Iech et éierlech.
Solle mir laanscht kommen?
Rufft eis un oder schreift eis. Mir schwätze kuerz driwwer, ëm wat et geet, a fannen en Termin bei Iech doheem.
