Séier Hëllef bei Handy a Computer
Et ass dréngend? Rufft un. Erreecht Dir eis net direkt, da schreift eis kuerz, wat geschitt ass a wou Dir wunnt. Mir mellen eis esou séier wéi méiglech.
Medezineschen Noutfall oder Gefor? Rufft d'112 un, d'Police op der 113. Digital Doheem hëlleft just bei Handy a Computer.
Dofir si mir do
- Handy oder Computer start net méi
- Dir hutt op e verdächtege Message geklickt oder e Bedruchsuruff kritt
- E wichtegt Dokument muss haut nach gedréckt ginn
- Den Handy ass gespaart oder d'Passwuert vergiess
Op e Bedruch erageflunn?
Rufft fir d'éischt Är Bank un a loosst Kaart oder Kont spären. Duerno hëllefe mir Iech, Handy a Computer erëm sécher ze maachen.
Um Weekend
Och samschdes a sonndes ass séier Hëllef méiglech. Dofir rechne mir en Zouschlag. De Präis soe mir Iech virdrun um Telefon, fir datt Dir a Rou decidéiere kënnt.
Oder schreift eis
Nummer fir WhatsApp an SMS: +352 621 30 27 40
E-Mail: contact@digital-doheem.lu
