Computerhëllef fir Senioren am ganze LandWann Handy oder Computer net méi wëllen, komme mir bei Iech.
Mir schwätze Lëtzebuergesch. Wir sprechen Deutsch. Nous parlons français. We speak English.
Wéi kënne mir hëllefen?
Tippt op dat, wat am beschte passt.
Mäin Handy geet net méi.
Mir kucken en bei Iech un a bréngen en erëm an d'Rei.
UruffenDe Computer ass esou lues.
Mir fannen eraus, wourun et läit, a soen Iech éierlech, wat sech lount.
UruffenDen Drécker dréckt net.
Mir komme laanscht a bréngen en erëm zum Lafen.
UruffenEch hunn en neien Apparat.
Mir riichten en an a weisen Iech alles a Rou.
UruffenEch wëll et selwer léieren.
Mir üben bei Iech doheem, un Ärem Apparat an an Ärem Tempo.
UruffenEch sichen Hëllef fir meng Elteren.
Rufft un. Dir maacht den Termin aus, mir fueren hin.
UruffenEch hunn op e falsche Message geklickt.
Rufft un. Hutt Dir Bankdonnéeën aginn, da rufft fir d'éischt Är Bank un.
UruffenEsou leeft e Besuch of
- 1
Dir mellt Iech
Rufft eis un oder schreift eis. Sot eis kuerz, ëm wat et geet, och wann Dir et net genee beschreiwe kënnt.
- 2
Mir komme bei Iech
Mir maachen en Termin bei Iech doheem aus, egal wou am Land. Bei méi groussen Ufroe kritt Dir virdrun eng kleng Offer.
- 3
Zesummen hikréien
Mir léisen de Problem oder üben zesummen, an Ärem Tempo.
Astrid M., Bewäertung op GoogleIch war mit dem Service sehr zufrieden. Schnell, kompetent und freundlich.
Sécherheets-Tipp: Bedréier gi sech fir LuxTrust oder Är Bank aus. Esou erkennt Dir dat
Dir hutt e Betrib?
KI am Betrib, Schrëtt fir Schrëtt.
Fir kleng Betriber, Selbstänneger a Veräiner zu Lëtzebuerg. Mir kucken eis un, wéi Dir schafft, a weisen Iech, wou KI Zäit spuert. Verständlech a mat Ären eegenen Aufgaben.
- KI fir Ufänger, op Äre Betrib ugewannt
- Claude, ChatGPT a Copilot am Alldag
- KI mat Äre Programmer verbannen
- KI mat der Stëmm steieren
- Oflaf-Check: Wou spuert KI Iech Zäit?
