Präisser an Oflaf
Einfach, éierlech an ouni Klenggedréckst. Esou leeft d'Hëllef vun Digital Doheem of.
Den Oflaf
Dir mellt Iech
Rufft eis un oder schreift eis. Sot eis kuerz, ëm wat et geet, och wann Dir et net genee beschreiwe kënnt.
Mir komme bei Iech
Mir maachen en Termin bei Iech doheem aus, egal wou am Land. Bei méi groussen Ufroe kritt Dir virdrun eng kleng Offer.
Zesummen hikréien
Mir léisen de Problem oder üben zesummen, an Ärem Tempo. Ofgerechent gëtt no Zäit, mindestens eng Stonn.
Wat kascht et?
Kloer Präisser, ouni Klenggedréckst.
Hëllef a Formatioun doheem
120 €d'Stonn
Inklusiv TVA. E Besuch gëtt mat mindestens enger Stonn ofgerechent.
- Séier Hëllef um Weekend mat Zouschlag, de Präis soe mir Iech um Telefon
- Selwechte Präis fir Hëllef doheem a Formatiounen
- Méi grouss Opträg, zum Beispill méi Apparater oder eng Serie vu Formatiounen, mat Offer am Viraus
- Keen Abonnement, kee Kontrakt, keng verstoppte Käschten
Fahrtkäschten
0,75 €de Kilometer
D'Fahrtkäschte sinn 0,75 € pro gefuerene Kilometer ab Klierf, fir Hin- a Réckwee. Mir soen Iech de Betrag gären virdrun um Telefon.
Sammelt Är Froen
E Besuch dauert mindestens eng Stonn. Fir datt et sech fir Iech lount, schreift am beschten alles op, wat scho méi laang leie bliwwen ass. Da maache mir alles an engem Termin. E puer Iddie fir Äre Bichelchen:
- Handy oder Tablet: Updates, Späicher, méi grouss Schrëft
- Staubsauger- oder Fënsterbotzroboter ariichten
- Den Drécker ariichten oder erëm flottmaachen
- Fotoe vum Handy sécheren
- WhatsApp oder Videoappeller ariichten
- MyGuichet oder LuxTrust erkläre loossen
- En neien Apparat auspaken an ariichten
- Froen, déi Dir scho laang stelle wollt
Muss ech eppes virbereeden?
Neen. Wann Dir wëllt, leet Iech dës Saache prett. Dat spuert Zäit:
- den Apparat, ëm deen et geet, mam Luedkabel
- Bréiwer oder Zettele mat Passwierder an Zougangsdonnéeën (zum Beispill vun Ärer Internet-Box)
- Är Lëscht mat alle Froen
Et ass dréngend? Wann op eemol guer näischt méi geet, rufft direkt un: +352 621 30 27 40. Mir probéieren, séier bei Iech ze sinn.
Solle mir laanscht kommen?
Rufft eis un oder schreift eis. Mir schwätze kuerz driwwer, ëm wat et geet, a fannen en Termin bei Iech doheem.
