Computerhëllef an digital Hëllef fir Senioren zu Lëtzebuerg
De Computer mécht net, wat e soll? Den neien Handy gesäit ganz anescht aus? Mir komme bei Iech heem an huelen eis Zäit. Einfach erkläert, ouni Fachwierder, op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch oder Englesch.
Wou braucht Dir Hëllef?
- Computerhëllef fir SeniorenComputer, Laptop, Drécker an E-Mail: Mir kommen a kucken eis dat un.
- Handy-Hëllef fir SeniorenNeien Handy, WhatsApp, Fotoen oder Tablet: Mir riichten et an a weisen et Iech.
- Computercoursen fir SeniorenComputer léieren doheem, eleng oder zu zwee, an Ärem Tempo.
- Handy- an Tablet-CoursenHandy an Tablet sécher benotzen: WhatsApp, Fotoen, Videoappeller, Enkelen.
Dat héiere mir dacks
- De Computer ass sou lues ginn.
- Den Drécker dréckt net méi.
- Ech hunn en neien Handy a fannen näischt méi erëm.
- Ech weess mäi Passwuert net méi.
- Um Schierm steet eng komesch Meldung.
- Ech wëll mat den Enkelen iwwer Video schwätzen.
- Ech trauen mech net un MyGuichet oder LuxTrust.
- Ech wëll dat endlech selwer kënnen.
Esou hëllefe mir Iech
- Dir rufft un a verzielt, ëm wat et geet. Dir musst et net genee beschreiwe kënnen. Mir verstinn Iech och esou.
- Mir komme bei Iech heem. Dir musst näischt droen an néierens hifueren. Mir schaffen un Ären eegenen Apparater.
- Mir léisen de Problem oder üben mat Iech. Dir decidéiert. Mir erklären esou dacks, wéi Dir wëllt.
Wat kascht dat?
Mir rechnen no Zäit of a schwätzen alles virdrun mat Iech of. Dir bezuelt keen Abonnement an ënnerschreift kee Kontrakt. Rufft einfach un a frot.
Sicht Dir Hëllef fir Är Mamm oder Äre Papp?
Rufft eis einfach un. Mir fuere bei si, hëllefen op der Plaz an erklären mat Gedold.
Dat soen eis Clienten
5,0 vu 59 Bewäertungen op GoogleService phantastesch! Professionnel an effizient. Ech si begeeschtert a kann dës Firma wäermestens empfehlen!Ich war mit dem Service sehr zufrieden. Schnell, kompetent und freundlich. Ich kann Digital Doheem auf jeden Fall weiterempfehlen.
Astrid M.
Kompetente, und sehr freundliche Beratung. Sehr empfehlenswert.
Céline G.
Kompetent an schnell Hëllef
Carlo H.
Super Service und Hilfe
Olga J.
Auszich aus eise Google-Bewäertungen, an der Sprooch vun de Clienten. Stand: November 2026. All d'Bewäertungen op Google liesen
Dacks gestallte Froen
Sinn ech net ze al, fir dat nach ze léieren?
Nee. Jidderee kann dat léieren, egal wéi al. Et brauch just een, deen sech Zäit hëlt. Dir bestëmmt den Tempo, a keng Fro ass ze kleng.
Kommt Dir wierklech bei mech heem?
Jo, am ganze Land. Dat ass fir Senioren dacks am einfachsten, well mir un Ären eegenen Apparater schaffen, do wou Dir Iech wuel fillt.
Kann mäi Jong oder meng Duechter fir mech uruffen?
Jo, gären. Vill Ufroe kommen vu Kanner an Enkelen, déi méi wäit ewech wunnen. Si kënnen den Termin och fir Iech ausmaachen.
Muss ech eppes virbereeden?
Nee. Wann Dir wëllt, schreift Är Froen op e Bliedchen a leet Är Passwierder bereet, wann Dir se opgeschriwwen hutt. Dat spuert Zäit.
Solle mir laanscht kommen?
Rufft eis un oder schreift eis. Mir schwätze kuerz driwwer, ëm wat et geet, a fannen en Termin bei Iech doheem.
