Mat LuxTrust mellt Dir Iech bei der Bank oder op MyGuichet un. Dofir sinn d'Bedréier besonnesch op dës Donnéeën aus. Si schreiwen E-Mailen a SMSen, déi bal richteg ausgesinn.
Dat mécht LuxTrust net
LuxTrust seet selwer: Dir gitt ni per E-Mail oder SMS opgefuerdert, perséinlech Donnéeën z'aktualiséieren. Och no Passwierder oder Kreditkaartendonnéeë gëtt net gefrot.
Esou gitt Dir vir
- Tippt net op Linken an esou Messagen.
- Äntwert net.
- Läscht de Message a mellt e bei LuxTrust an Ärer Bank.
- Rufft am Zweiwel direkt un.
Dir hutt Är Donnéeën aginn?
Rufft direkt Är Bank a LuxTrust un. LuxTrust erreecht Dir op +352 24 550 550. Wat méi séier, wat besser. Dat geschitt och ganz virsiichtege Leit.
Wéini leeft Äert Zertifikat wierklech of?
Dat kënnt Dir selwer nokucken, ouni op e Link aus engem Message ze tippen. Gitt luxtrust.com selwer an a gitt op MyLuxTrust. Ënner „Test my certificate“ steet no der Umeldung, bis wéini et gëllt. Mir weisen Iech dat och doheem.
Fir ze behalenGitt Är Coden ni an, just well e Message et verlaangt.
Dat maache mir och fir Iech: Computercoursen fir Senioren
