Digital Doheem, Start
Menü

Kënschtlech Intelligenz (KI) verstoen

Jiddereen schwätzt vu kënschtlecher Intelligenz. Mir weisen Iech ouni Fachchineesesch, wat KI ass, wouzou se am Alldag nëtzlech ass a wou ee virsiichteg si soll.

Dat léiert Dir zum Beispill

  • Wat ass KI? Einfach erkläert, ouni Fachwierder
  • Mat ChatGPT oder engem Sproochassistent Froe stellen
  • Hëllef beim Formuléiere vu Bréiwer an E-Mailen
  • Fotoen erkläre loossen, Texter iwwersetzen, Rezepter fannen
  • D'Grenze kennen: falsch Äntwerten a gefälscht Biller erkennen

Solle mir laanscht kommen?

Rufft eis un oder schreift eis. Mir schwätze kuerz driwwer, ëm wat et geet, a fannen en Termin bei Iech doheem.

Rufft eis un+352 621 30 27 40

Léiwer schreiwen?