Kameraen & smart Dierschlässer
Gesinn, wien un der Dier schellt, och wann Dir ënnerwee sidd. D'Hausdier mam Handy opmaachen, amplaz de Schlëssel ze sichen. Mir riichte Kameraen a smart Schlässer an an erklären Iech a Rou, wéi alles funktionéiert.
Dat maache mir zum Beispill
- Kameraen fir Haus, Dier a Gaart uschléissen a mam Handy verbannen
- Video-Dierschellen ariichten
- smart Dierschlässer wéi Nuki aboue loossen, ariichten an erklären
- Zougäng fir d'Famill oder de Fleegedéngscht sécher ginn
- Smart Luuchten a Steckdousen, Sproochassistente wéi Alexa oder Google
Solle mir laanscht kommen?
Rufft eis un oder schreift eis. Mir schwätze kuerz driwwer, ëm wat et geet, a fannen en Termin bei Iech doheem.
