WhatsApp, E-Mail & Videoappeller
D'Enkelkanner schécken Fotoen, d'Famill huet e WhatsApp-Grupp, d'Duechter wunnt am Ausland: Mir weisen Iech a Rou, wéi Dir schreift, Sproochmessagë schéckt a per Video telefonéiert.
Dat léiert Dir zum Beispill
- Messagen, Sproochmessagen a Fotoe schécken
- Videoappeller mat der Famill hei am Land an am Ausland
- Gruppe verstoen a Notifikatioune méi roueg stellen
- E-Maile schreiwen, beäntweren an Unhäng opmaachen
Solle mir laanscht kommen?
Rufft eis un oder schreift eis. Mir schwätze kuerz driwwer, ëm wat et geet, a fannen en Termin bei Iech doheem.
