Roboter fir Haus a Gaart
De Buedem gëtt gebotzt, während Dir akafe sidd, d'Fënstere botze sech bal vu selwer an de Wues ass ëmmer kuerz. Mir riichten Är Roboter an, verbannen se mam Handy a weisen Iech, wéi Dir se stéiert.

Dat maache mir zum Beispill
- Staubsauger- a Wäschroboter ariichten, Zëmmeren androen an Zäite festleeën
- Fënsterbotzroboter richteg ubréngen a bedéngen
- Méiroboter ariichten an d'Fläch festleeën
- déi passend App op Ärem Handy ariichten an erklären
- Berodung virum Kaf: wéi e Roboter bei Iech passt
Dat passt och derzou
- Kameraen & smart DierschlässerKameraen, Video-Dierschellen a smart Dierschlässer wéi Nuki: sécher ageriicht a mam Handy verbonnen.
- Fernseh, Musek & nei ApparaterNeien Apparat kaaft? Mir beroden Iech virdrun a riichten en duerno fir Iech an.
- Séier HëllefWann op eemol näischt méi geet, komme mir séier, mat Rou a Gedold.
Solle mir laanscht kommen?
Rufft eis un oder schreift eis. Mir schwätze kuerz driwwer, ëm wat et geet, a fannen en Termin bei Iech doheem.
