Digital Doheem, Start
Menü

Kamera un der Hausdier: Wat Dir wësse sollt

Alldag · 3 Min. Liesezäit

Si gëtt Sécherheet. Awer d'Strooss an d'Nopere gehéieren net an d'Bild.

Wie schellt do? Mat enger Kamera un der Dier gesitt Dir dat um Handy, och wann Dir ënnerwee sidd. Dat gëtt ville Leit e gutt Gefill. E puer Saache sollt Dir awer wëssen.

Passt op de Bildausschnëtt op

Filmt nëmmen Äert eegent Haus an Ären eegenen Terrain. D'Strooss, den Trottoir an den Terrain vun den Nopere gehéieren net an d'Bild. D'Dateschutzbehörd CNPD seet kloer: Eng Privatpersoun däerf keng Kamera opstellen, déi den ëffentleche Raum filmt.

Esou gitt Dir vir

  1. Stellt de Bléckwénkel esou an, datt just Är Entrée ze gesinn ass.
  2. Benotzt d'Astellung, déi Deeler vum Bild verstoppt, wann Är Kamera dat kann.
  3. Schwätzt mat den Noperen, dat vermeit Ierger.
  4. Frot am Zweiwel direkt bei der CNPD no.

Sécher ariichten

  • Ännert d'Passwuert vun der Kamera.
  • Installéiert Updates.
  • Gitt Friem keen Zougang zu der App.

Dëst hei ass keng Rechtsberodung. Fir eng Auskonft wend Iech un d'CNPD. Bei der Technik hëllefe mir Iech.

Fir ze behalenÄr Kamera kuckt op Ären Terrain, net op dee vun den Noperen.

Dat maache mir och fir Iech: Hëllef fir Senioren

Léiwer perséinlech?

Rufft eis un. Mir komme bei Iech heem a weisen Iech et a Rou.

Rufft eis un+352 621 30 27 40

Léiwer schreiwen?