Digital Doheem, Start
Menü

Handy-Hëllef a Smartphone-Hëllef fir Senioren

En neien Handy kann een ganz schéin ierzen. Mir komme bei Iech, riichten alles an a weisen Iech a Rou, wéi et geet. Dat gëllt och fir den Tablet.

Dat héiere mir dacks

  • Ech hunn en neien Handy an all d'Nummere si fort.
  • WhatsApp geet net méi.
  • D'Schrëft ass ze kleng, ech ka näischt liesen.
  • Mäin Handy seet, de Späicher wier voll.
  • Ech wëll Fotoe vun den Enkele kucken an ophiewen.
  • Ech kréien komesch SMSen a weess net, ob se richteg sinn.
  • Ech wëll mat der Famill iwwer Video schwätzen.
  • Ech hunn de Code vu mengem Handy vergiess.

Esou hëllefe mir Iech

  1. Mir riichten Ären Handy an. Nummeren, Fotoen a WhatsApp kommen, wa méiglech, vum ale op den neien Handy.
  2. Mir maachen et Iech méi einfach. Méi grouss Schrëft, wichteg Knäppercher no vir, Onnéidegt ewech.
  3. Mir üben zesummen. Un Ärem eegenen Handy, esou dacks wéi Dir wëllt, bis et sëtzt.

Wat kascht dat?

Mir rechnen no Zäit of a schwätzen alles virdrun mat Iech of. Dir bezuelt keen Abonnement an ënnerschreift kee Kontrakt. Rufft einfach un a frot.

Méi iwwer Präisser an Oflaf ›

Sicht Dir Hëllef fir Är Mamm oder Äre Papp?

Rufft eis einfach un. Mir fuere bei si, hëllefen op der Plaz an erklären mat Gedold.

Méi fir Familljen ›

Service phantastesch! Professionnel an effizient. Ech si begeeschtert a kann dës Firma wäermestens empfehlen!
Nadine K.
  • Ich war mit dem Service sehr zufrieden. Schnell, kompetent und freundlich. Ich kann Digital Doheem auf jeden Fall weiterempfehlen.

    Astrid M.

  • Kompetente, und sehr freundliche Beratung. Sehr empfehlenswert.

    Céline G.

  • Kompetent an schnell Hëllef

    Carlo H.

  • Super Service und Hilfe

    Olga J.

Auszich aus eise Google-Bewäertungen, an der Sprooch vun de Clienten. Stand: November 2026. All d'Bewäertungen op Google liesen

Dacks gestallte Froen

Ass et egal, wat fir en Handy ech hunn?
Jo, mir hëllefe bei iPhone an Android-Handyen ewéi Samsung. Dat gëllt och fir Tabletten an den iPad.
Kréien ech mäin alen WhatsApp op den neien Handy?
Meeschtens jo. Mir kucken eis déi zwee Handyen un a soen Iech virdrun, wat méiglech ass.
Ech kréien eng SMS vun der Post oder vun der Bank. Ass dat richteg?
Am Zweiwel klickt op näischt a rufft eis un. Wéi Dir Bedruch erkennt, weise mir Iech am Cours Sécher online.
Kënnt Dir mir och en Handy eraussichen?
Mir beroden Iech gären, wat fir en Apparat bei Iech passt, fir datt Dir näischt Deieres kaaft, wat Dir net braucht.

Solle mir laanscht kommen?

Rufft eis un oder schreift eis. Mir schwätze kuerz driwwer, ëm wat et geet, a fannen en Termin bei Iech doheem.

Rufft eis un+352 621 30 27 40

Léiwer schreiwen?