Digital Doheem, Start
Menü

PC-Hëllef fir Senioren, bei Iech doheem

Äre Computer oder Laptop mécht Problemer an et ka keen Iech hëllefen? Mir komme laanscht, kucken eis dat un an erklären Iech a einfache Wierder, wat lass ass.

Dat héiere mir dacks

  • De Computer start nëmme ganz lues.
  • Den Drécker dréckt net oder d'Pabeier kënnt eidel eraus.
  • Ech kommen net méi an meng E-Mailen.
  • Ech hunn mäi Passwuert vergiess.
  • Um Schierm steet eng Meldung, déi mir Angscht mécht.
  • Ech hunn en neie Laptop a wëll, dass alles erëm do ass.
  • Meng Fotoe si fort oder ech fannen se net méi.
  • E Bréif muss geschriwwen an ausgedréckt ginn.

Esou hëllefe mir Iech

  1. Mir lauschteren no. Dir weist eis, wat net geet. Fachwierder braucht Dir net.
  2. Mir léisen de Problem. Mir soen Iech virdrun, wat mir maachen. Geet eppes net, soe mir Iech dat éierlech.
  3. Mir weisen et Iech. Wann Dir wëllt, schreiwe mir déi wichtegst Schrëtt op e Bliedchen, fir datt Dir et d'nächst Kéier selwer kënnt.

Wat kascht dat?

Mir rechnen no Zäit of a schwätzen alles virdrun mat Iech of. Dir bezuelt keen Abonnement an ënnerschreift kee Kontrakt. Rufft einfach un a frot.

Méi iwwer Präisser an Oflaf ›

Sicht Dir Hëllef fir Är Mamm oder Äre Papp?

Rufft eis einfach un. Mir fuere bei si, hëllefen op der Plaz an erklären mat Gedold.

Méi fir Familljen ›

Service phantastesch! Professionnel an effizient. Ech si begeeschtert a kann dës Firma wäermestens empfehlen!
Nadine K.
  • Ich war mit dem Service sehr zufrieden. Schnell, kompetent und freundlich. Ich kann Digital Doheem auf jeden Fall weiterempfehlen.

    Astrid M.

  • Kompetente, und sehr freundliche Beratung. Sehr empfehlenswert.

    Céline G.

  • Kompetent an schnell Hëllef

    Carlo H.

  • Super Service und Hilfe

    Olga J.

Auszich aus eise Google-Bewäertungen, an der Sprooch vun de Clienten. Stand: November 2026. All d'Bewäertungen op Google liesen

Dacks gestallte Froen

Mäi Computer ass ganz al. Bezuelt sech dat nach?
Dat kucke mir eis zesummen un. Mir soen Iech éierlech, ob d'Hëllef sech bezilt oder ob en neien Apparat besser ass. Dir decidéiert.
Fléckt Dir och futtis Apparater?
Mir hëllefe bei Astellungen, Programmer an allem, wat am Alldag net fonctionnéiert. Ass en Deel am Apparat wierklech futti, soe mir Iech dat a roden Iech, wat Dir maache kënnt.
Hëlleft Dir och bei engem Apple-Computer?
Frot eis einfach. Sot eis um Telefon, wat fir en Apparat Dir hutt, da soe mir Iech éierlech, ob mir hëllefe kënnen.
Wat, wann de Computer guer net méi geet an et presséiert?
Kuckt op eis Säit Séier Hëllef. Do steet, wéi Dir eis am séiersten erreecht.

Solle mir laanscht kommen?

Rufft eis un oder schreift eis. Mir schwätze kuerz driwwer, ëm wat et geet, a fannen en Termin bei Iech doheem.

Rufft eis un+352 621 30 27 40

Léiwer schreiwen?