Digital Doheem, Start
Menü

Fotoen & Donnéeë sécheren

Fotoen um alen Handy, Bréiwer um Computer, Biller op engem USB-Stick an der Tirang? Mir sammelen alles, bréngen Uerdnung eran a maachen eng Sécherheetskopie. Esou sinn Är Erënnerungen och nach do, wann en Apparat futti geet oder verluer geet.

Kamera, Drécker an ausgedréckte Fotoen

Dat maache mir zum Beispill

  • Fotoen an Dokumenter vun alen Handyen, Computeren, USB-Sticken a Späicherkaarte sammelen
  • Duebel Fotoen aussortéieren an alles an Dossieren sortéieren, zum Beispill no Joer oder Geleeënheet
  • Eng Sécherheetskopie op enger externer Festplack uleeën
  • Wann Dir wëllt, eng Cloud ariichten (iCloud, Google Fotoen oder OneDrive), déi Är Fotoen automatesch séchert
  • Nokucken, ob d'Sécherung wierklech funktionéiert

Kuerz erkläert

Sécherheetskopie
Eng zweet Kopie vun Äre Fotoen an Dokumenter op enger anerer Plaz. Wann d'Original fort ass, ass d'Kopie nach do. Et seet een och „Backup“.
Extern Festplack
E klengt Këschtchen, ongeféier esou grouss wéi en Handy, dat een un de Computer uschléisst. Do passen Zéngdausende Fotoen drop. Duerno kënnt et zréck an d'Tirang.
Cloud
Eng Späicherplaz am Internet bei engem groussen Ubidder wéi Apple, Google oder Microsoft. Är Fotoe ginn do automatesch ofgeluecht a sinn och op engem neien Handy erëm do.

D'Fauschtregel: Wat Iech wichteg ass, gehéiert op zwou Plazen, zum Beispill op den Handy an zousätzlech op eng Festplack oder an d'Cloud.

Solle mir laanscht kommen?

Rufft eis un oder schreift eis. Mir schwätze kuerz driwwer, ëm wat et geet, a fannen en Termin bei Iech doheem.

Rufft eis un+352 621 30 27 40

Léiwer schreiwen?