Digital Doheem, Start
Menü

Schrëft um Handy méi grouss maachen

Handy & Tablet · 2 Min. Liesezäit

Um iPhone an um Android-Handy a wéinege Schrëtt gemaach.

Dir braucht d'Lieslongett fir all Message? Dat muss net sinn. D'Schrëft léisst sech a wéinege Schrëtt méi grouss stellen.

Um iPhone

  1. Maacht d'Astellungen op.
  2. Tippt op „Anzeige & Helligkeit“.
  3. Tippt op „Textgröße“.
  4. Réckelt de Regler no riets.

Um Android-Handy, zum Beispill Samsung

  1. Maacht d'Astellungen op.
  2. Tippt op „Anzeige“.
  3. Sicht „Schriftgröße“ oder „Schriftgröße und -stil“.
  4. Réckelt de Regler no riets.

D'Nimm vun de Menüe kënne je no Handy e bëssen anescht sinn. Benotzt soss d'Lupp an den Astellungen a sicht no „Schrift“.

Nach méi Hëllef fir d'Aen

  • Stellt de Schierm méi hell.
  • Maacht Symboler méi grouss, wann Ären Handy dat ubitt.
  • Loosst Iech Texter virliesen, wann Ären Handy dat kann.

Fir ze behalenDen Handy passt sech Iech un, net ëmgedréint.

Dat maache mir och fir Iech: Handy-Hëllef fir Senioren

Léiwer perséinlech?

Rufft eis un. Mir komme bei Iech heem a weisen Iech et a Rou.

Rufft eis un+352 621 30 27 40

Léiwer schreiwen?