Digital Doheem, Start
Menü

WhatsApp fir Ufänger

Handy & Tablet · 3 Min. Liesezäit

Schreiwen, Fotoe schécken, schwätzen amplaz tippen. An e wichtegen Hiweis op Bedruch.

Mat WhatsApp schreift Dir Messagen, schéckt Fotoen an telefonéiert iwwer den Internet. Fir vill Famillen ass et deen einfachste Wee, a Kontakt ze bleiwen.

Esou schreift Dir e Message

  1. Maacht WhatsApp op.
  2. Tippt op den Numm vun der Persoun.
  3. Tippt ënnen an d'Feld a schreift.
  4. Tippt op de Feil fir ze schécken.

Esou schéckt Dir eng Foto

Tippt nieft dem Schreiffeld op d'Plus- oder Büroklamer-Zeechen. Sicht d'Foto eraus an tippt op de Feil.

Schwätzen amplaz tippen

Haalt d'Mikrofon-Zeeche gedréckt a schwätzt. Loosst lass, da gëtt de Sproochmessage geschéckt. Dat ass praktesch, wann d'Fanger net méi esou wëllen.

Opgepasst: „Moien, Mamm, dat ass meng nei Nummer“

Bedréier schreiwe vun enger friemer Nummer a gi sech fir Äert Kand aus. Kuerz drop brauche si dréngend Suen. Rufft Äert Kand op der aler Nummer un, ier Dir eppes iwwerweist.

Fir ze behalenSuen iwwerweist Dir ni wéinst engem Message eleng. Rufft als Éischt un.

Dat maache mir och fir Iech: Handy-Hëllef fir Senioren

Léiwer perséinlech?

Rufft eis un. Mir komme bei Iech heem a weisen Iech et a Rou.

Rufft eis un+352 621 30 27 40

Léiwer schreiwen?