Digital Doheem, Start
Menü

Bedruch per SMS: Esou erkennt Dir e falsche Message

Sécherheet · 3 Min. Liesezäit

E Pak hänkt fest, eng Réckzuelung waart. Wourun Dir falsch Messagen erkennt.

Ären Handy piipst. Äre Pak hänkt fest, oder eng Réckzuelung waart op Iech. Dir sollt just séier op e Link tippen. Genee esou schaffen d'Bedréier.

Dorun erkennt Dir eng falsch SMS

  • Dir sollt séier handelen, soss geschitt angeblech eppes Schlëmmes.
  • Am Message ass e Link, op deen Dir tippe sollt.
  • Dir sollt Är Bankdonnéeën, e Passwuert oder e Code aginn.
  • D'Adress gesäit komesch aus oder passt net zu der Firma.

Guichet.lu warnt selwer virun esou SMSen. Déi offiziell Adresse si guichet.public.lu a services-publics.lu. Guichet a MyGuichet schreiwen Iech grondsätzlech keng SMS, ausser Dir hutt d'Funktioun eTracking ageschalt.

Esou maacht Dir et richteg

  1. Tippt net op de Link.
  2. Äntwert net.
  3. Läscht de Message.
  4. Onsécher? Rufft d'Firma oder Är Bank op der Nummer un, déi Dir scho kennt.

Dir hutt scho geklickt oder eppes aginn?

Bleift roueg, awer handelt direkt. Rufft Är Bank un a loosst Äre Kont oder Är Kaart iwwerpréiwen. Hutt Dir Zougangsdonnéeë vu LuxTrust aginn, da mellt Iech och do. Déi gratis Helpline vu BEE SECURE erreecht Dir op 8002 1234: méindes bis mëttwochs a freides vun 9 bis 12 Auer, donneschdes vu 15 bis 18 Auer.

Fir ze behalenWien Iech dréngt, wëll näischt Guddes. Eng richteg Firma léisst Iech Zäit.

Dat maache mir och fir Iech: Computercoursen fir Senioren

Léiwer perséinlech?

Rufft eis un. Mir komme bei Iech heem a weisen Iech et a Rou.

Rufft eis un+352 621 30 27 40

Léiwer schreiwen?