Digital Doheem, Start
Menü

Späicher voll: Wat maachen?

Handy & Tablet · 3 Min. Liesezäit

Esou maacht Dir Plaz, ouni wichteg Fotoen ze verléieren.

Ären Handy mellt: Späicher voll. Fotoe ginn net méi, an alles gëtt lues. Dat ass kee Schued. Den Handy brauch just Plaz.

Ier Dir eppes läscht

Séchert als Éischt Är Fotoen. Wéi dat geet, steet am Artikel „Fotoe sécher ophiewen“. Wat geläscht ass, kënnt dacks net erëm.

Dat hëlt am meeschte Plaz

  • Fotoen a Videoen, besonnesch laang Videoen
  • Biller a Videoen, déi op WhatsApp ukommen
  • Appen, déi Dir ni benotzt

Esou maacht Dir Plaz

  1. Kuckt an den Astellungen ënner „Speicher“ no. Do gesitt Dir, wat d'Plaz hëlt.
  2. Läscht duebel Fotoen an al Videoen.
  3. Huelt Appen ewech, déi Dir net braucht.
  4. Eidelt duerno de Pabeierkuerf vun der Foto-App.

Beim leschte Schrëtt lount sech e Bléck: Vill Foto-Appen hiewe geläscht Biller nach eng Zäit laang op. Eréischt da gëtt d'Plaz wierklech fräi.

Fir ze behalenÉischt sécheren, da läschen. An där Reiefolleg.

Dat maache mir och fir Iech: Handy-Hëllef fir Senioren

Léiwer perséinlech?

Rufft eis un. Mir komme bei Iech heem a weisen Iech et a Rou.

Rufft eis un+352 621 30 27 40

Léiwer schreiwen?