Digital Doheem, Start
Menü

Falsch E-Mailen erkennen

Sécherheet · 3 Min. Liesezäit

Rechnung, Post oder Steier: Esou iwwerpréift Dir, ob eng E-Mail richteg ass.

Falsch E-Maile gesinn haut dacks ganz gutt aus. Si hunn e richtege Logo a kaum Feeler. Fachleit nennen dat Phishing. E puer einfach Froen hëllefen Iech trotzdem.

Stellt Iech dës Froen

  • Erwaarden ech dës E-Mail iwwerhaapt?
  • Soll ech séier eppes maachen oder bezuelen?
  • Soll ech Donnéeën aginn?
  • Passt d'Ofsenderadress wierklech zu der Firma?
  • Hänkt e Fichier drun, deen ech net kennen?

Esou gitt Dir sécher vir

  1. Tippt net op Linken an der E-Mail.
  2. Maacht keng Unhäng op, déi Dir net erwaart.
  3. Gitt selwer op d'Säit vun der Firma oder rufft un.
  4. Läscht d'E-Mail, wa se falsch ass.

Dir kënnt verdächteg E-Mailen och mellen. Zu Lëtzebuerg hëlt SPAMBEE Hiweiser op Spam a Phishing un. Dat geet iwwer eng Erweiderung um Computer, net um Handy oder Tablet. Frot eis, wéi dat geet.

Fir ze behalenLéiwer eemol ze vill uruffe wéi eemol ze vill klicken.

Dat maache mir och fir Iech: Computercoursen fir Senioren

Quellen

Léiwer perséinlech?

Rufft eis un. Mir komme bei Iech heem a weisen Iech et a Rou.

Rufft eis un+352 621 30 27 40

Léiwer schreiwen?