Digital Doheem, Start
Menü

Uruff vun der „Bank“: Wat maachen?

Sécherheet · 3 Min. Liesezäit

Et rifft een un a seet, Är Sue wieren a Gefor. Esou reagéiert Dir richteg.

Den Telefon schellt. Et seet een, hie wier vun Ärer Bank oder vun der Police. Är Sue wieren a Gefor, Dir misst direkt handelen. Dat kléngt erschreckend richteg. D'Police zu Lëtzebuerg warnt ausdrécklech virun esou Uriff.

Dat mécht eng richteg Bank net

  • Si freet um Telefon net no Ären Zougangsdonnéeën oder Coden.
  • Si verlaangt net, datt Dir Kaart oder Zougangsdonnéeën u Friem gitt.
  • Si setzt Iech net ënner Drock.

Esou reagéiert Dir

  1. Leet op. Dat ass net onhéiflech.
  2. Gitt keng Coden a keng Donnéeë weider.
  3. Rufft Är Bank selwer un. Huelt d'Nummer vun Ärer Kaart oder vun Ärem Kontoauszuch.
  4. Wann Dir un engem angebleche Polizist zweiwelt, rufft d'113 un.

Wourun Dir déi richteg Police erkennt

D'Police seet selwer: All Polizisten zu Lëtzebuerg schwätze fléissend Lëtzebuergesch a kënnen en Déngschtausweis weisen.

Verzielt et weider

D'Police freet, anerer ze warnen, besonnesch eeler Noperen. Schwätzt also roueg an der Famill an am Club driwwer. Et muss kengem peinlech sinn. Bedréier si gutt geschoult.

Fir ze behalenOpleeën ass ëmmer erlaabt. D'Bank kënnt Dir selwer zeréckruffen.

Dat maache mir och fir Iech: Computercoursen fir Senioren

Léiwer perséinlech?

Rufft eis un. Mir komme bei Iech heem a weisen Iech et a Rou.

Rufft eis un+352 621 30 27 40

Léiwer schreiwen?