Digital Doheem, Start
Menü

Falschen Techniker um Telefon oder um Schierm

Sécherheet · 3 Min. Liesezäit

Eng rout Warnung fëllt de Schierm, an Dir sollt eng Nummer uruffen. Maacht dat net.

Op eemol ass de ganze Schierm voll mat enger Warnung, vläicht piipst et och. Dir sollt direkt eng Nummer uruffen. Oder et rifft Iech een un a seet, hie wier vum Computer-Support. A béide Fäll sinn dat meeschtens Bedréier.

Esou leeft den Trick

De falschen Techniker verzielt, Äre Computer hätt e Virus. Da sollt Dir e Programm installéieren, fir datt hien op Äre Computer kucke kann. Esou kritt hien Zougang zu Ären Donnéeën, oder Dir sollt fir eng angeblech Reparatur bezuelen.

Esou reagéiert Dir

  1. Rufft keng Nummer un, déi um Schierm steet.
  2. Installéiert näischt, just well e Friemen et seet.
  3. Leet op, wann Dir ugeruff gitt.
  4. Maacht d'Fënster am Internet-Programm zou. Geet dat net, da maacht de Computer aus an erëm un.

Et war schonn een op Ärem Computer?

Trennt de Computer vum Internet a rufft Är Bank un, wann Dir Bankdonnéeën aginn oder bezuelt hutt. Loosst de Computer duerno iwwerpréiwen. Rot kritt Dir och gratis bei der Helpline vu BEE SECURE op 8002 1234.

Fir ze behalenKee rifft Iech un, well Äre Computer krank ass.

Dat maache mir och fir Iech: Computercoursen fir Senioren

Léiwer perséinlech?

Rufft eis un. Mir komme bei Iech heem a weisen Iech et a Rou.

Rufft eis un+352 621 30 27 40

Léiwer schreiwen?