Digital Doheem, Start
Menü

Gutt Passwierder, déi ee sech merke kann

Sécherheet · 3 Min. Liesezäit

Laang Sätz amplaz komplizéiert Zeechen. A wou Dir Passwierder ophieft.

Vill Leit hunn een eenzegt Passwuert fir alles. Dat ass bequem, awer geféierlech: Gëtt et eng Kéier geklaut, stinn all d'Dieren op.

Esou maacht Dir e gutt Passwuert

  • Laang ass besser wéi komplizéiert. Huelt e puer Wierder hannereneen.
  • Huelt keng Nimm vun Enkelen a keng Gebuertsdaten.
  • Huelt fir all Déngscht en anert Passwuert, virun allem fir d'E-Mail.

Fënnef bis sechs Wierder, déi näischt mateneen ze dinn hunn, si méi einfach ze merke wéi e wëlle Chaos aus Zeechen. Denkt Iech eege Wierder aus.

Wou hiewen ech Passwierder op?

En Heft ass ganz an der Rei, wann et gutt verstoppt doheem läit. Schreift net „Passwierder“ drop a leet et net nieft de Computer. Eng aner Méiglechkeet ass e Passwuert-Programm. Dee riichte mir Iech an, wann Dir wëllt.

Wiem ginn ech mäi Passwuert?

Kengem um Telefon a kengem per Message. Banken a Behörde froen net dono.

Fir ze behalenÄert E-Mail-Passwuert ass dat wichtegst. Gitt him en eegent.

Dat maache mir och fir Iech: Computercoursen fir Senioren

Léiwer perséinlech?

Rufft eis un. Mir komme bei Iech heem a weisen Iech et a Rou.

Rufft eis un+352 621 30 27 40

Léiwer schreiwen?